Am Abrëll 1997 geet Nordliicht TV op Sendung. Deemools gouf de Programm vun enger hallwer Stonn um Infokanal vun de Gemeinschaftsantennen zu Dikrech, Ettelbréck, Clierf, Ëlwen a Wöiswampech gewisen. Finanzéiert gëtt de Fernseesender vun de Gemengen a vu Sponsoren. Et ass e Fernsee mam Sëtz am Norde vum Land, deen op Wonsch vun den Éisleker entstanen ass. D’Philosophie vun Nordliicht ass et dem Norden, deen nach ëmmer benodeelegt ass wat d’Mediepresenz ugeet, deeselwechte Stellewäert wéi dem Süden an dem Zentrum vu Lëtzebuerg ze ginn.
Eise Slogan ass „Reportage, wéi wann ee selwer derbäi gewiescht wäert“
2000 gëtt Nordliicht am Kabelnetz vun Eltrona diffuséiert an 2001 ass de Programm vun Nordliicht och iwwer Astra Satellit z'ëmfänken. Vun 30 Minutte pro Woch gëtt de Programm op eng Stonn verlängert. D‘Team besteet dee Moment aus 2 fest ugestallte Journalisten an enge 15 Freelance Kameraleit.
„De frëndleche Fernsee“
2007 feiert Nordliicht 10 Joer. Antëscht si schonns 400 Sendungen diffuséiert gi, mat 1700 Reportagen; dat si 15.000 Minutte Sendung mat iwwer 60.000 Stonnen Aarbecht.
„Mir loossen eis Interviewpartner ausschwätzen“
„E Wonsch vun der Bevëlkerung“ 2012.
Schonns 15 Joer ass Nordliicht am a fir den Norde present .
„No bäi de Leit“
2017 sinn et 20 Joer, dass Nordliicht den Norde beliicht. Antëscht sinn et 3 fest ugestallte Journalisten, déi sech ëm Aktuelles, Manifestatiounen, Kulturelles, Sportleches, Politesches haaptsächlech aus dem Norde vum Land bekëmmeren.
2018: Gouf de Fernsee aus dem Norde bis ewell vu Sponsoren a Gemengen finanzéiert, sou ënnerstëtzt och elo d’Regierung Nordliicht, de Fernsee vun, mat a fir d’Leit.