Mam Krichsverspriechen vun 1945 am Keller zu Woltz fängt d'Geschicht vun der Weeltzer Fatima un. D’Denkmol op "Baessend" gouf den 13. Juli 1952 ageweiht, 6 Joër mi spéid de Kräizwee, eemoleg a sénger Art, mat Statiounen aus lëtzebuerger Gestengs. Haut pilgere Joër fir Joër op Christihimmelfahrt bis zu 20.000 Leit bei d'Denkmol vun der Muttergottes vu Fatima op Woltz. Wéi op eemol d'portugiesesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg mat abezu gin as, dat erzielt dëse Film.
(2005 – PAL 35 Minutten VHS oder DVD – Lëtzebuergesch oder Portugiesesch)